banner4.png

Léif Elteren a Grousselteren,

Fro der iech wien den Niklos wierklech war? A wat hien alles gemaach huet, well mir haut jo nach vun him schwätzen? Da gitt roueg op Ensber an Kierch kucken: do ass ee gemittlechen Eck fir iech ageriicht an do kenn dir zesumme mat äre Kanner déi Geschicht entdecken.

Dir duerft den Theater benotzen. Di grouss Blieder leien hannendrun. Déi stécht een eent nom aneren op der Säit virsiichteg eran. Wa mer zesumme gutt op d’Material oppassen, kenne mir et och nach d’nächst Joer gebrauchen.

Eng Këscht mat selwer gebake Kichelcher steet och dobäi. Alles prett fir sech et gemittlech ze maachen an dobäi ee wichtegen Hellegen kennen ze léieren. Vill Spaass zesummen.

Léif Gréiss

Claudine

47321100 2140904146171001 380818089958178816 n