banner3.png
Star InactiveStar InactiveStar InactiveStar InactiveStar Inactive
 

Léif alleguer,

Well am Moment keng Méiglechkeet bestéet fir kënnen an d’Mass ze goen a well eng ganz Parti Leit gefroot hunn, op ech net kéint ee kleng Gedanken fir de Sonndeg schécken:

Dofir dësen kuerzen Impuls zum Sonndeg…

Ech hunn lo grad an der Kierch hei zu Eschdöerf d’Mass gefeiert. Fir d'éischte Kéier a mengem Liewen ganz alleng. An dat enger Kierch déi soss um Sonndeg praktesch bis op déi lescht Plaz besaat ass. Et war ee komescht Gefill an et sinn mir vill Gedanken duerch de Kapp an d‘Häerz gang...

Besonnesch awer ass mir alt erëm eng Kéier bewosst ginn, wat fir eng grouss Verantwortung d’Kierch ze droen huet: nämlech bei de Mënschen ze sinn an hinnen Hoffnung a Kraaft ze ginn an allen Situatiounen vum Liewen. Dofir war jiddereen aus eisen Dierfer och zimmlech intensiv an der Mass dobäi (trotz Abewesenheet… 😊). Ech hu mer d'Leit ganz einfach a Gedanken viirgestallt. Jidder eenzelnen, deen eis Gemeinschaft esou eemoleg a besonnesch mécht.

Am Evangelium vun dësem Sonndeg (Samariterin beim Buur, déi vum Jesus ëm Waasser gefroot gëtt) huet mech de Moien an deem Sënn ee Satz besonnesch ugeschwat: „Gott ist Geist, und alle, die ihn anbeten, müssen im Geist und in der Wahrheit anbeten.“

Sou wéi mer am Geescht, also am déifsten vun eiser Séil mam Härgott verbonnen sinn, sou kënnen/sollen mer och am Geescht, also am déifsten vun eiser Séil ee mat deem aneren an eiser Gemeinschaft a mat der Welt verbonnen sinn. Dat Gefill huet mir de Moien Kraaft an eng ënner Freed geschenkt, well ech wousst: ech sinn net alleng mä ech sinn mam Härgott a mat all deenen léiwen Leit aus eisen Dierfer verbonnen…

Wéi all Sonndeg an eisen Massen zum Schluss eng Meditatioun am Anhang. Ech denken ganz passend fir dës Zäiten…

Iech all Léif Gréiss an ee schéinen Sonndeg.

P.S. All eis Kierchen sinn selbstverständlech op fir d'perséinlecht Gebied!


 3. Fastensonntag A Text