banner4.png

Déi schéi Fënstere sinn e Wierk vum lëtzebuerger Kënschtler Robert Emmeringer vun Aasselbur, a stellen d’Fester vum Kiirchejoer duer.

D’Fënster an der Entrées-Dier weist eis ee Wee; - de Wee dee mir machen wa mer an eng Kierch ginn. Et ass de Wee, deen eis bei den Härgott féiere wëll. An der Entrée ass nach eng  kleng Fënster. Si weist d’hl. Eucharistie an der Monstranz. Am schéinsten as dës Fënster, wa mueres d’Sonn der duerch schéngt.

Déi éischt Fënsteren hannen an der Kierch, sollen äis ureegen zu Gesank a Gebiet. Déi op der lénker Seit, mécht eng opfaalend Beweegung no uewen. D’Nouten déi sech vun ënnen no uewen reien, soen éis datt eist Gebiet duerch de Gesank, bei den Härgott gedroe gëtt.

Déi zweet Fënster op der lénker Seit, stellt d'Fest "Verkündigung des Herrn" duer. Si weist eis, wéi den Engel der Muttergottes d’Noriicht verkënnegt, datt si d’Mamm vum Härgott wäert gi. Maria ass ugedeit duerch d’Figur lénks, mat enger opfälleger Sträif an hirem Schleier. Hir vis-à-vis steet den Engel, méi däischter duergestallt, also méi am Hannergrond.

Déi drëtt Fënster op der lénker Seit, steet fir Chrëschtdag. An dem däischteren Deel ënnen fänkt ee Wee un, deen sech duerch déi ganz Fënster beweegt. Dëse Wee weist äis als éischt een däischteren  Hiwwel  mat Schof. Och mënschlech Gestalten kënne mer entdecken. De Wee geet dann virun  an féiert an d’Liicht, respektiv d’Sonn (de Jesus).

Déi lescht Fënster an dëser  Rei, also am Chouerraum, stellt d'Karwoch an Ouschteren duer. Hei kann ee villes dra gesinn. Den däischteren Deel, steet fir dem  Jesus  säin  Leidenswee. De Wee ass roud duergestallt (Léift vum Jesus), a gëtt durchkräizt duerch d'Eucharistie (Gréngen Donneschdeg), déi däischter Faarw (Karfreideg) an d'Liicht (Ouschteren).

Déi Fënster op der rechter Säit vum Altoer, stellt Christihimmelfahrt duer. De roude Wee vun der  Leift féiert bei den Härgott (d’Sonn).

Déi nächst Fënster op der rechter Säit weist eng Figur, déi sech no uewe bewegt. D’Farw blo vu Maria dominéiert an dëser Fënster. Si stellt d'Fest vu Maria-Himmelfahrt duer, dat all Joer zu Nacher grouss gefeiert gëtt (Krautwëschdag). Och Blummen a Kraider fannen mer dran erëm.

Déi nächst Fënster steet fir Päischten, den hl. Geescht. Déi verschidde rout  Elementer, weisen äis den hl. Geescht, an Feiërzongen duergestallt, déi sech Päischtdag op d’Jünger niddergelooss hunn. Déi rout Farw ass och déi  liturgisch  Faarf vu Päischten.

Déi lescht Fënster op der rechter Säit, steet wéi schonn ugedeit fir hl. Cäecilia. Déi vill Nouten déi mer dra fannen weisen op den Doud vun der hl. Cäecilia hin. Si soll am Martyrium nach gesong hunn fir den Härgott ze  luewen. D'Caecilia gëtt dofir als Patréinesch vun dë Sänger veréiert, déi um Ducksall hiir Plaatz hunn.

E Merci dem Rosy Geiben fir d’Gedanken