banner4.png
Star InactiveStar InactiveStar InactiveStar InactiveStar Inactive
 

Viru méi wéi 100 Joer, op Kiirmessonndeg dem 12ten September 1910, huet Esch-Sauer e ganzt besonnecht Fest gefeiert. Et wor dest d’Aweihung vun der Muttergottesstatue.

Méi wi 100 Sänger aus Esch-Sauer an den Nopeschdierfer haten sech zesummen mat der Duerfmusik hei op deser Plaatz afont fir gemeinsam dest aussergewéinlecht Fest ze feiren.

D’ Statue as der helleger Muttergottes geweiht, Patréinesch vum Duerf Esch-Sauer. Sie as  d‘Kopie vun der „Vierge couronnée“ déi op der Esplanade virun der Basilika zu Lourdes steet.

D’Legend erzielt eis, dass eng Fra hei aus dem Duerf, déi Kriibs hat, op Lourdes gepilgert as an do geheelt gin as.

Als merci dofir, wollt d’Fra e gutt Wierk maachen an huet den demeemoolegen Här Paschtouer Dominik Trausch kontaktéiert, den hir proposéiert huet hei op deser Plaatz eng Muttergottesstatue opzerichten.

Zesummen mat der finanzieller Ennerstetzung vun all den Awunner aus der Ortschaft, konnt dese Projet schlussendlich réaliséiert gin.

Dofir och d’Opschreft: „extruxere-aux/iliatrici-suae-cives-esch ad suram“ wat souvill heescht wéi „d’Awunner vun Esch-Sauer hun se fir hir Beschützerin opgeriicht”.



D’Statue huet eng Héischt vun 3,10 Meter.

Sie as vum Albert Lützeler réaliséiert gin a vum Sculpteur Wilhelm Peters am Koffer modeléiert gin.

Den Albert Lützeler huet an der Firma Peltzer zu Stolberg (no bei Oochen) geschafft, wou Statuen a Skulpturen am Gips hirgestallt gi sin.

Vun der Gipsform gouf en Ofdrock am Zenk gegoss, an un Hand vun desem goufen dunn déi verschidden Eenzeldeeler am Koffer mat engem „Marteau-pilon“ modeléiert.

Nodeems Kanten bearbecht goufen, sin d’Eenzeldeeler zesummegeschweest gin.

An den 20eger Joren koum dann och nach eng Kroun dobai, déi awer kurz duerno durch eng beliichte Kroun ersaat gin as.

Während dem zweete Weltkrich as des Kroun awer verschwon an d’Statue selwer huet verschidde Schied dovu gedroen.

Am Ufank stung d’Statue op engem Sockel vun 12 Kolonnen, den awer am Joer 1933 durch den heitige Sockel am Steen ersaat gin as. Viru kurzem nach goufen verschidde Reparaturen un desem Sockel virgeholl.

Sait Allerséilen am Joer 1939 get den Zougang zu deser Statue gekréint duerch eng Allee mat Käschtebeem.

Während dem zweete Weltkrich sin d’Mammen vun den Escher Jongen déi an de Krich agezun goufen, Daag fir Daag, bei all Wand a Wieder erop gepilgert komm an hun hei de Rousekranz fir sie gebied.

Nach haut get des Statue all Joers rem op Mariä Himmelfahrt op en Neits veréiert mat enger Liichterpressioun, un där sech  emmer ganz vill Gleeweger bedeelegen.